Beaujolais Tasting

Brouilly, Moulin à vent, Beaujolais villages, dat seet Iech näicht?
Dir kënnt just de Beaujolais nouveau wou ee Kappwéi dovu kritt? Da kommt op eis Beaujolais Dégustatioun an entdeckt déi gutt Wäiner!
Wéi all Joers mecht sech d’Slice Crew op de wäite Wee an d’Beaujolais Régioun heem bei d’Wëntzer an dégustéiert eng grouss Rei u neie Wäiner a bréngt déi eng oder aner Fläsch mat!

Dëst Joer kënnt Dir bei enger exclusiver Beaujolais Dégustatioun mat dobäi sinn a Wäiner schmaachen déi et zu Lëtzebuerg net ginn.
Fir dass den Owend och extra flott gëtt, ass nom Tasting e Menu virgesinn wou Dir dann als Amateur Sommelier kënnt de Wäin dobäi bestellen den Iech am bäschte geschmach huet!

D’Aschreiwung ass obligatorech an d’Plaze si limitéiert!

Scroll to Top