Upcoming events
- 23/11/2024 20:00
Beaujolais Tasting
Brouilly, Moulin à vent, Beaujolais villages, dat seet Iech näischt? Dir kënnt just de Beaujolais nouveau wou ee Kappwéi dovu kritt? Da kommt op eis Beaujolais Degustatioun an entdeckt déi gutt Wäiner! Wéi all Joers mëscht sech d'Slice Crew op de wäite Wee an d'Beaujolais Regioun heem bei d'Wënzer an dégustéiert eng grouss Rei u neie Wäiner a bréngt déi eng oder aner Fläsch mat! Dëst Joer kënnt Dir bei enger exklusiver Beaujolais Degustatioun mat dobäi sinn a Wäiner schmaachen déi et zu Lëtzebuerg net ginn. Fir dass den Owend och extra flott gëtt, ass nom Tasting e Menu virgesinn wou Dir dann als Amateur Sommelier kënnt de Wäin dobäi bestellen den Iech am bäschte geschmach huet! D'Aschreiwung ass obligatoresch an d'Plaze si limitéiert!
- 24/11/2024 11:00
Darts Tournoi
Weis wéi gutts Du wierklech bass! Stell dech den aneren a probéier de maximum u Punkten ze maachen. Déi 3 Bäschte kréien e flotte Präis! Obligatoresch Aschreiwung. Programm: Warm-up: 10:00 Start: 11:00 Iessen: 13:00 Enn: Bis de Gewënner fest steet! Präis: 13,50€ fir d'Iessen (Spaghetti Bolognaise) Dir kënnt och ouni z'Iesse kommen.
- 30/11/2024 21:30
Live Concert: Eugene Ripper (Canada) + Pascal vu Wooltz
Aus dem wäit entfernte Canada kënnt den Eugene Ripper säin Onwiesen zesumme mam Pascal vu Wooltz an d'10 Rue de Linger zu Péiteng dreiwen. Eng Punk Soiré déi net ze verpassen ass!!! Fir z'Iessen ass och gesuergt! Vun 19:00 -22:00 Auer ass d'Kischen fir Chicken Wings you can eat fir Iech op!! Fir nëmmen 23€ kritt Dir de Bauch garantéiert voll! Och liwwere mir den Dag Chicken Wings bei Iech heem bis virun d'Hausdier. Hei hu mir eng extra Formule fir Iech! Fir 30€ kritt Dir 1,5Kg Chicken Wings an 1L Béier geliwwert! Dëss Formule gëllt och fir den Take Away vu 19:00 -22:00 Auer! Obligatorech reservatioun bis den 28 November. Den Aschreiwungsformular ass geschënn verfügbar.
- 06/12/2024 22:00
Dj Miles
Op Niklosdag leet den DJ Miles am Slice op!